Mam Noemi Noumer op der Sich nom Meteorittestëbs

30/06/2022
Eng flott Outdooraktivitéit fir Famillje mat Kanner, Schoulklassen a Gruppen

Am Kader vum regionale LEADER-Projet „Entdeck d’Regioun Mëllerdall“ hunn d’Elterevereenegung Noumer a.s.b.l. an de LEADER-Grupp Regioun Mëllerdall
zesummen e flotte Rallye fir Kanner op d’Bee gestallt: „Mam Noemi Noumer op der Sich nom Meteorittestëbs“.
Mat Hëllef vun der App „Actionbound“ mussen d’Kanner op enger Distanz vu ronn 3 km eng ganz Rei Aufgabe léisen a
sou dem Noemi Noumer hëllefen de Meteorittestëbs ze fannen. De Fokus läit op den Theme Kultur a Geschicht.
De Rallye kann op eege Fauscht gemaach ginn.

Weider Detailer fannt Dir um Flyer.